-
Wann Hacker Sport maachen
Dass en Informatiker Sport mécht, ass vläit schwéier ze gleewen, mä ech verstinn de Stigma un sech ganz gutt.Den Informatiker, oder och heiansdo Geek, Nerd oder Hacker genannt, ass eng Persoun, déi oft ganz vill Zäit virum Computer verbréngt.
Hien ass bekannt, fir Séisses ze drénken, an ësst, ausser der geleeëntlecher Pizza, nëmme Gummibärecher.
Ausserdeem weist hie wéineg soziaalt Verhalen, obwuel hie 500 Kollegen op Facebook huet.
Dat ass un sech, wat déi meeschte Leit sech virstellen, wann se eis “Spezies” net gutt kennen.
Et ass wuel wouer, dass verschidde Leit nëmme virum Computer sëtzen, mä wa mer éierlech sinn, esou Persoune fënnt een an all Domaine.
Mä vläit mam Ënnerscheed, dass en Hacker beim kreativen Ëmgang mam Gerät eppes aktiv schaaft, woubäi ee beim passive Fernsehkucken nëmme kritiséiert an näischt mécht.
Et geet och anescht! Perséinlech gesinn ech meng Subkultur, déi vum Hacker, als eng Grupp vun interesséierte Leit, déi alles emol eng Kéier probéiere wëllen.
Den Hacker ass jo souwisou eng Persoun, déi probéiert, déi legal Limit vun allem ze entdecken, a wann d’Geleeënheet sech bitt, dëst zu sengem Virdeel ze notzen. An do ass Sport natierlech och dobäi.
Wann ech mir ukucken, wéivill Hacker excellent Snowboarder sinn, kann ech et bal net gleewen, dass mer all esou inaktiv solle sinn.
Firwat wär e Geek da “liddereg”?
Seng Haaptbeschäftegung, hacken um Computer, ass eben eng Sëtzbeschäftegung. A bei dëser bleift een oft emol virum Schierm hänken, an et fiddert een sech mat Gummibärecher duerch den Dag.
Dëst ass awer net, well ee liddereg ass, mä éischter well d’Beschäftegung vum Moment einfach ze vill faszinant ass, an een eben esou laang um Problem ”’hacke”’ muss, bis dëse Problem duerch eng einfach an elegant Léisung besäitegt ass.
Fir elo net an d’Situatioun ze verfalen, wou ”’alles”’ interessant erschéngt an engem säi Liewen op eemol nëmmen nach ëm den digitale Pleséier dréit, kann een sech en Ausgläich sichen. A mengem Fall ass dat de Sport.
En Tipp fir déi Leit, déi sech elo an dësem Szenario erëmfannen:
Probéiert ëmmer Snacks am Haus ze hunn, déi schnell fäerdeg sinn an net ze vill fetteg sinn, manner Fett an Zocker heescht meeschtens méi gesond, Uebst ass do ideal.
Ech wor ni sportlech, meeschtens esouguer e bësse méi déck wéi de Rescht vun der Klass, mä ech hat eng Schlësselsituatioun a mengem Liewen.
Wéi ech 20 Joer jonk war an zu London gelieft hunn, war de Lift eemol futti, an ech hu misse bis op de 7. Stack zu Fouss (stell een sech dat emol vir!) goen.
Wéi ech um 2. Stack war, huet mäin Häerz esou schnell geschloen, dass ech hu ”’missen”’ eng Paus maachen, fir kënne weiderzegoen.
Dat war de Moment, wou ech op d’Auer gekuckt hunn, eng grouss 20 gesinn hunn a mer geduecht hunn:
„Wann do 40 steet, da kommen ech wuel nëmmen nach bis op den éischten Stack?!“
Deen Dag drop sinn ech mer ”Rollerblades” kafe gaang an hu ”’Sport”’ gemeet.
Ech hu schnell gemierkt, dass een esou Rollerblades net nëmmen als Sportgerät kann notzen, mä een nëtzlechen Hack ass et als Transportmëttel vun A op B ze notzen.
Well een awer als Hacker schnell wëll virukommen, hunn ech de Vëlo fir mech entdeckt, wat bei wäitem dee schnellsten an elegantste Wee ass, fir sech ze deplacéieren.
De groussen Challenge als Hacker, an am Allgemengen als hyperaktive „Bastler“, ass regelméissegen Training an säin deeglechen Zäitplang anzebannen.
Am Ufank hunn ech mat komplizéierten Trainingspläng probéiert, mech fit ze halen a mech och op d’Kompetitiounen ze preparéieren. Dëst huet och méi oder wéineger geklappt, mam Nodeel, dass ech op eemol vum Hacker zum „ambitionéierte Fräizäitsportler“ mutéiert sinn an näischt aneschtes méi wéi Sport am Kapp hat.
Problem Verlagerung eben. D’Zil war elo, déi richteg Balance ze fannen.
Erreeche konnt ech dës Balance, andeems ech ugefaangen hunn, alternativ ze denken an net ëmmer nëmmen an engem enke Spektrum.
Dës Spektrumerweiderung hunn ech erreecht, andeems ech z.B. amplaz vum Lift d’Trape benotzt hunn oder andeems ech déi ëffentlech Vëloe benotzt hunn amplaz op de Bus ze waarden.
An do gesinn ech déi gréisste Méiglechkeet fir all Hacker, sech kreativ a sportlech ze betätegen:
dee flottste Wee ze fannen, fir duerch den ëffentleche Groussstaddschungel ze kommen.
Et gi verschidde wichteg Punkten, déi agehale sollte ginn, wann een elo en “urbane Sportler” wëll sinn.
Déi folgend Tippe sinn aus menger eegener Erfahrung a fonktionnéiere fir mech.
Wann een e bësse geschweesst huet, muss een net onbedéngt direkt duschen. Um Büro ukomm, kann een sech kuerz mat engem Duch ofdréchnen, e frëschen T-Shirt oder e frëscht Hiem undoen, an et ass ee wéi nei. Fir den Noutfall kann een ëmmer Deo oder Parfum bei sech hunn, mä meeschtens ass dat net néideg.
Wann een e Costume muss droen, ass d’Logistik hannendru méi komplizéiert. Hei ass et am beschten, wann een säi Costume an säin Hiem direkt op der Arbecht prett leien huet.
Falls een elo kuerzfristeg vun der Groussgaass op d’Gare muss fueren, an dat esou schnell wéi méiglech, kann een nees Sport abannen.
Heibäi ass et natierlech flott, op de Véloh ze klammen, mä esoubal ee méi oft um Véloh sëtzt, ass et nëmme vu Virdeel, säin eegene Vëlo ze hunn.
Den eegene Vëlo ass méi liicht, ëmmer prett a vill méi bequem, well en op d’Mooss passt.
Dës Investitioun ass déi 300-400 Euro derwäert ”’oder”’ et kann een an den HackerSpace kommen an sech ee Vëlo aus ale Stécker zesummebastelen.
Wann een elo mam Costume op d’Gare fiert, ginn et e puer Saachen, déi wichteg sinn.
Fir dass d’Box net knaschteg gëtt oder futti fiert, kann een sech entweder e stylesche Bändche kafen, fir se zesummenzehalen, oder, mäi perséinleche Favorit, d’Box einfach an d’Strëmp stiechen.
A wann der mengt, dëst gesäit blöd aus, ëmmer un déi denken, déi grad „relax“ am Stau stinn, fir 2 km a 15 Minutten ze maachen.
De Schongstréckel soll een dann einfach an der Säit vum Schong verstauen, esou dass e geschützt ass. Fir elo net ze vill verschweesst um Zil unzekommen, soll een et relax huelen, et ass keng Course!
Den Helm ass menger Meenung no dat Wichtegst, wat ech ëmmer dobäi hunn.
Et kann een ëmmer emol falen, a mat der Zäit gewinnt een sech un säin Helm.
Wann een owes ënnerwee ass, soll een onbedéngt e Minimum u Luten um Vëlo hunn. Och hei kann een am HackerSpace sech eppes selwer zesummebastelen.
Wann et ëm d’Séchere vun sengem Vëlo geet, do kann een säi Kapp a Rou leeën. Zu Lëtzebuerg gi wéineg ugestréckt Vëloe geklaut.
Wat awer geklaut gëtt, ass alles, wat een einfach erofhuele kann: Luten, Kilometerzieler an esou weider.
Ee gutt Schlass ass net vu Muttwëll an am Idealfall kann een dat entweder um Kierper oder direkt um Vëlo transportéieren.
Beim Ustrécke vum Vëlo ass de Kader dat Wichtegst, an et kann een an engems den Helm och nach drustrécken.
Dee gréissten natierleche Feind vun dësem Hacker-mécht-Sport-Konzept ass d’Wieder.
Et ass ganz einfach: Wann et reent, da gëtt ee kal an naass.
Mä och hei ginn et Méiglechkeeten: Am Zuch kann een ëmmer e Vëlo mathuelen, an esouguer a verschidde Busse kann een de Vëlo mat u Bord huelen.
Dëst ass heiansdo problematesch, wa vill Leit am Bus sinn, mä wann ee léif freet an de Leit erkläert, dass och nach hannen am Bus Plaz ass, kritt een de Vëlo nach ënner Dag.
E bëssen naass gëtt een och am liichte Reen allerdéngs ëmmer, a mat der Zäit kennt een déi richteg Internet-Wiedersäiten, fir genee ze wëssen, ob et dann elo moies reent a mëttes erëm gutt ass oder net.
Alles an allem ass Vëlo fueren, gradesou wéi Hacken, ee Liewenswee.
Bei dësem Wee léiert ee vill nei Saache kennen, gradesou wéi een nei Leit kenneléiert.
Dëse bescheidenen Abléck a mäi Wee soll dem Lieser Loscht op méi maachen.
Wann een elo Hëllef um Wee brauch oder Verbesserungsvirschléi an eegen Erfahrungen huet, da schreift eng E-Mail u steve@hackerspace.lu
@SteveClement
Disclaimer: Dësen Text ass Creative Commons BY-SA - Jiddereen dierf den Text änneren a verdeelen, esoulaang den Auteur ernimmt gëtt.
Am Idealfall dierf een näischt Kommerzielles mam Text maachen, mat Ausnahm vun der Publikatioun am Magazin Queesch.
-